LEVEL UP - Beweegungschallenge
Déi beweeglechst Schoulklass 2026
De groussen Highlight war d’Final vun der LEVEL-UP Beweegungs-Challenge „Déi beweeglechste Klass 2026“. Dobäi hunn d’Kanner vu Beggen (3.1), Steesel (3.2), dem Rolléngergronn (4.1) a vu Miersch (4.2) zu de Beschte gezielt.
Zanter Oktober 2025 hunn 43 Klassen aus de verschiddene Cyclen reegelméisseg un de Beweegungs-Challengen deelgeholl an hir Aufgabe gemeeschtert. Déi dräi beschte Klassen aus all Ënnercycle goufen op d’Schoulfoire invitéiert.
Am Ganze sinn also 12 Klassen ugetrueden an hunn op verschiddenen Atelieren hiert Bescht ginn: Vëlofueren, Seelsprangen, Street Racket, Parcours, Torwand, Jeans-Hänken a Blazepods, alles bei beschter Stëmmung.
Fir hiren Asaz goufen si mat flotte Präisser belount: e risegt Sprangschlass fir d’Schoul (fir 2 bis 3 Deeg), en Dag am Mariendall, Bicher an eng Beweegungskëscht. Fir si e flotte Moment mat der ganzer Klass op der Schoulfoire.
Cycle 3.1
- Nadia Fisch Beggen 193 Punkten
- Vicky Boever Wasserbillig 130 Punkten
- Maithé Kreutz Dahl 97 Punkten
Cycle 3.2
- Jil Porcevina Steinsel 245 Punkten
- Nicole Huber Préizerdaul 194 Punkten
- Edith Collette Dahl 148 Punkten
Cycle 4.1
- Philippe Arendt Rollingergrund 291 Punkten
- Tom Thill Mersch 225 Punkten
- Ben Schaus Mersch 202 Punkten
Cycle 4.2
- Valérie Schock Mersch 251 Punkten
- Caroline Maas Garnich 226 Punkten
- Laury Bach Fentange 213 Punkten
