Bewegte Schule
Kurze Beschreibung
Vu wou kënnt de Begrëff « Beweegte Schoul » ?
De Begrëff « Beweegte Schoul» ass am Kader vun der Grondschoul fir di éischte Kéier vum Schwäizer Pedagog Urs Illi am Laf vun den 80er Joren benotzt ginn. Hie baséiert sech op eng medezinesch-gesondheetlech (Beweegung als Gesondheetsressource) respektiv op eng entwécklungs- a léiertheoreetesch Begrënnung (Beweegung als Element vun der kandheetlecher Entwécklung, Beweegung als zousätzleche Sënnes- an Erfarungskanal). Dem Urs Illi no geet et grondsätzlech dorëm, méi Beweegung an déi traditionell “Sëtz-Schoul” ze kréien. Duerch eng kand- a léiergerecht Rhythmiséierung vum Unterrecht, duerch beweegten a selbststännegt Léieren, duerch Beweegungspausen, duerch ugepasste Miwwel an duerch participativ a gesondheetsfërdernt Organisatiounsstrukture kënne mer d’Schoulen änneren. (Abeling, I/ Städtler, H., 2008; Tibold S. , 2019)
Hier findest du 19 Videos zum Thema.
Du möchtest Bewegungspausen in deinen Unterricht einbauen ? Hier findest du 8 Videos, welche du sofort benutzen kannst. kurze Fassung 5' oder lange Fassung 8'
Kontakt: info@beweegung.lu
Gallery
Wat versteet een ënner “Beweegungspausen” ?
Beweegungspause sinn Ënnerbriechungen vum Unterrecht an deenen geziilt Beweegungsübunge gemaach ginn. De Wiessel tësche rouegen a beweegte Phasen ass méi léierfrëndlech a schülergerecht a kann den Unterrecht beliewen.
Wat ass beweegt Léieren?
Beweegt Léiere bedeit den Unterrecht esou ze gestalten, datt d’Schüler an d’Schülerinnen d’Léierinhalter durch Erliewen, Iwwerleeën an Handele kenne léieren an esou d’Zesummenhäng begräife kënnen.
Contenuen, déi op dës Manéier erschafft ginn, verankeren sech besser am Gediechtnes vum Kand. Sou ka Liesen, Rechnen, Schreiwen an der Schoul och mat Beweegung duergestallt ginn, z.B. sprangen um Buschtawenteppech, rechne mat grousse Wierfelen, eenzel Wierder um Bueden zu engem Satz zesummesetzen a se sprangen.
Wat bréngt d'”Beweegte Schoul” dem eenzele Schüler?
D’Virdeeler vun der beweegter Schoul op d’Schüler si : Dat Geléiert gëtt beser verankert andeems d’Schüler sech beweegen a mat alle Sënner léieren; d’Gehir gëtt besser duerchblutt, d’Beweegung huet eng positiv Auswierkung op déi physesch a psychesch Entwécklung vun de Kanner; déi koordinativ Kompetenzen an d’Gläichgewiicht vun de Kanner verbesseren sech, esou datt et zu manner Akkzidenter kënnt an d’Selbstwäertgefill vun de Kanner an d’Lut geet; sozial a kommunikativ Kompetenze ginn opgebaut; Uspaanung a Stress ginn ofgebaut; de Schoulalldag ass besser rythmiséiert (Belaaschtung – Entspaanung); d’Leeschtungsfäegkeet an d’Konzentratioun vun de Kanner verbessere sech.
Wéi kann ech als Enseignant Beweegungsmomenter an den Unterrecht integréieren ?
An der Literatur gëtt tësche Beweegung als “lernbegleitende Funktion” an “lernerschließende Funktion” ënnerscheet. Lernbegleitend kann z.B. bedeite fir Oplockerungsmomenter, Entspaanungsphasen, dynamescht Sëtzen oder Léieren u Statiounen an den Unterrecht anzebannen. Lernerschließend bedeit, datt Léieren duerch an a Beweegung stattfënnt, z.B. rechnen oder auswenneg léieren a Beweegung.
D’Erfarungen an de Schoule weisen, datt et méi einfach ass mat Beweegungspausen unzefänke fir eng gewësse Reegelméissegkeet sécherzestellen. Esou kënnen dës Beweegungspausen an enger éischter Phase zu fixe Momenter virgesi ginn (z.B. tëschen 2 Stonnen). Och besteet d’Méiglechkeet all Woch en anere Schüler als Responsabelen ze designéieren, deen den Enseignant entweder drun erënnert respektiv déi Woch selwer Beweegunspausen eraussicht. Eng weider Alternativ wär fir dës Pausen um grousse Stonneplang, deen an der Klass oder op der Dier hänkt, ze visualiséieren. Domadder entwéckelt sech lues a lues e Ritual: no enger kuerzer Agewinnungszäit froen d’Schüler automatesch no de Beweegungspause respektiv erkennt den Enseignant, wann de Rimm bei de Kanner erof ass. Duerno kënnen da lues a lues Aktivitéiten zum beweegte Léiere geplangt an ëmgesat ginn.